/

E wichtege Bäitrag geleescht


60 Better a 60 Matrasse kënnen zu Chennai an Indien mat där Zomm finanzéiert ginn, déi de Parverband Maacher iwwerreecht huet.

8 150 Euro vum Parverband Gréiwemaacher fir „Indesch Patenschaften“

image1762

No enger Parverbandsmass, déi de Paschtouer Paul Emeringer an der Dekanatskierch zu Gréiwemaacher gehal huet, sinn dëser Deeg 8 150 Euro un d’Lëtzebuerger ONG „Indesch Patenschaften“ iwwerreecht ginn.

Dat ass den Erléis vun där 13. Adventsaktioun, bei där et Enn 2011 geheescht huet: „Zesumme mat ,Indesch Patenschaften‘ wëllt de Parverband Maacher an der Infirmièresschoul zu Chennai d’Dortoire fir 60 Infirmièren ariichten, an dofir 60 Better a 60 Matrasse finanzéieren. „Et war eng Zomm vu 7 500 Euro ugepeilt ginn. Dës Zomm konnt esouguer iwwerschratt ginn, wéi d’Cathia Jaeger-Lahure am Numm vum Diakoniegrupp, deen d’Adventsaktioun koordinéiert, a vum Parverbandsrot, dee se matdréit, net ouni Stolz bemierkt huet.

D’Präsidentin vun „Indesch Patenschaften“, Christiane Rischette, war ganz frou iwwer dat gutt Resultat a si huet all deene Leit e ganz häerzleche Merci gesot, déi d’Aktioun ënnerstëtzt hunn. D’Präsidentin ass och kuerz op 25 Joer „Indesch Patenschaften“ a ganz besonnesch op dee wichtege Projet vun der ONG zu Chennai am Süde vun Indien ze schwätze komm, wou d’Infirmièresschoul elo esouzesoe steet, wéi een op Biller gesi konnt, déi projezéiert goufen. Elo brauch d’Gebai nach just equipéiert ze ginn. An dofir konnt de Parverband Maacher e wichtege Bäitrag leeschten.(m.h.) (FOTO: SERGE WALDBILLIG)

Luxemburger Wort 01/02/2012